Eng nei Ëmfro huet erginn, datt de Claude Meisch um absoluten Nullpunkt bei der Beléiftheet ënnert de Schüler an de Studenten ukomm ass. Kee kann hie méi leiden an kee respektéiert hien. Fréier, wou hien nach Buergermeeschter vun Déifferdeng wor, wor dat kee Problem. Do wor hien och net beléift. Mee do konnt hien mat der Hëllef vu séngem… Read more →
Author: Revoluxion
Lëtzebuerger Chefs d’entreprises: Nëmmen nach 3 Porsche Cayenne am Joer!!
No engem Schreiwes, andeem sech iwwert Märecher a Soën zu Lëtzebuerg ausgelooss gouf, huet d’hÜEL haut eng Pressekonferenz oofgehal. Mat Tréinen an den Aaen an enger zidderecher Stëmm huet de Porte Parole vun der hÜEL d’Wuert ergraff. “Wéi sollen d’Chef d’Entreprisen dann esou kënnen weiderliewen, wa si och mussen méi Steieren (oder wéi dat am neien Politiker-Jargon heescht:Abgaben) bezuelen.?” Déi… Read more →
Aus den Augen aus dem Sinn! Regierung schéckt brisant “Affären” op de Mound
Déi fréier Regierung hat all hir “Affären”, déi net sollten an d’Ëffentlechkeet gelangen um Tipp zu Monnerech vergruewen. Wou déi nei Regierung domat wollt weiderfueren an den 13. Maerz 2014 och e puer vun hire “Läichen” do wollt vergruewen, ass et dunn zu engem riesegen Erdrutsch komm. Fir datt d’Ëffentlechkeet déi verstoppten “Affären” net sollt gesin, gouff deemols eppes iwwert… Read more →
Facebookler ouni Gefill fir Sarkasmus an ouni Sënn fir Humor verbrenne gär “Auteuse” vu RevoLUXion als Hex
No iwwer 300 Likes, gi kritesch Stëmmen ëmmer méi haart déi d’”Auteuse” vu RevoLUXion als vum Däiwel besiess bezeechnen. Leit ouni Gefill fir Sarkasmus an ouni Sënn fir Humor hun haut de mëtteg bei der Chamber eng Petitioun hannerluecht fir d”Auteuse” vu RevoLUXion um Knuedler als Hex ze verbrennen. Et gouffe ganzer 12 ënnerschriwwe Computer Monitoren bei der Chamber oofgeliwwert.… Read more →
USB-Budget: All Députéierten kritt Apple Macbook Pro
De Pierre Gramegna huet gëschter ganz houffreg den neie Budget 2015 -2018 op engem “UBS”-Stick a Form vun enger Kreditkaart viirgestallt. Leider wor McKinsey net méi dozou komm fir de Budget op Pabeier drécken ze loossen an huet duefir den Budget op engem USB Stick weiderginn. Allerdéngs hat keen domat gerechent dat eng Majoritéit vun den Députéierten net weess wat… Read more →
Lëtzebuerg: Pëlle géint Ebola u Jidfereen gratis verdeelt
D’läscht Woch gouff ugekënnegt, datt all Awunner vu Lëtzebuerg demnächst ee Bréif kritt mat deem e kann op séng Gemeng oder an eng Apdikt Jod-Pëlle siche goën fir wa Cattenom de Geescht opgëtt an eis ëm d’Ouere flitt. Et ass jo gewosst, wann eng atomar Katastroph geschitt oder och eng Atombomb explodéiert, ee just bräuch eng Pëll ze huelen an… Read more →
Nom Arbedsgebai soll elo och d’Roud Bréck u China verkaf ginn
Arcelormittal huet et virgemaach a verkeeft d’Arbedsgebäi beim Rousegäertchen un d’Bank of China. Eis Regierung huet elo do och ërem eng fantastesch Méigelechkeet erkannt fir de Budget 2015 z’équilibréieren. Nodeem schon d’Cargolux u China verhökert gouff, soll och elo d’Roud Bréck u China verkaf ginn. An dësem Fall soll awer d’Bréck net zu Lëtzebuerg bleiwen mee, wéi schon 1996 den… Read more →
Lëtzebuerg keeft Disneyland Paris
Et ass jo schon zënter Joëre gewosst, datt Disneyland Paris, nëmmen nach roud Zuele schreift. Ee Grond duefir ass, datt den Mickey an Consorten sech u Frankräich ugepasst hunn, a wéi 98% vun alle Salariéën am Frankräich, regelméisseg streiken. Et geet hinnen do haaptsächlech ëm méi kurz Aarbechtsstonnen a virun allem awer ëm méi Kéis. Duerch déi ganz Streikaktiounen woren… Read more →
Bausch kritt de Kannerstull
Um läschte Regierungsrot, um Freideg nomëtteg, gouffe vill verschidden aktuell Sujeten ugeschwat, esou wéi den aktuellen Drënkwaasser Problem, an d’Plans sectoriels. Allerdéngs huet déi meescht Leit wiirklech just eppes interesséiert: Firwat sëtzt de François Bausch esou déif? Offziell wollt kee vun de Regierunsmemberen dozou Stellung huelen. “Mir sinn all op gläicher Héicht”, housch et vu Säite vun der Regierung.… Read more →
Bausch: “D’Oofrappen vun der Doudesmauer kascht kee Su”
Op d’Käschten vun der Démolitioun vun der Mauer am Rondpoint Gluck ugeschwat, erklärt den François Bausch, datt se de Stéierzueler kee Su waert kaschten. Een Finanzexperten-Team vun der Wall Street ass extra ageflu ginn fir een 0-Euro-Plang opzestellen fir d’Démolitioun. No 4 Wochen am Hôtel Royal hunn déi amerikanesch Experten dem François Bausch hiirt d’Resultat viirgeluecht. Hie wor begeeschtert! “D’Vollek… Read more →