Demo um Weekend – Badass Flicken aus der Pensioun geruff

De läschte Weekend waren d’Anti-Anti-Demoën an der Stat jo uerdentlech aus dem Ruder gelaf. Eng Parti, net ganz hard gebaaken, Haarder hu sech massiv de Batti gestallt. Am nachhinein hunn eis Politiker, déi bis dohin just op der Aitzi Aitzi Schinn ënnerwee waren, gemengt, datt si esou eppes net géingen acceptéieren. No laangem hin an hir gouff de Moie bekannt ginn, datt nieft den “normale” Polizisten, déi anscheinend näischt maachen dierfen, well se soss vun 200 Leit mam Handy gefilmt ginn, a wéinst Police Brutalitéit um Geriicht landen, den neien Dispositif ‘maintien de l’ordre’ aktivéiert gëtt.

Mee wie sinn déi speziell Polizisten, déi Extrapowers hunn? Op Nofro hinn, krute mir just gesot, datt ee sech net willt an d’Kaarte kucke loossen an een duefir näischt Weideres iwwert dëss dach speziel Poliziste wéilt präisginn. Glécklecherweis, huet Revoluxioun awer ganz glaubhaft Quellen, déi eis konnte soe, vu wou déi Leit hirkommen: Et handelt sech ëm d’Polizisten a Gendarmen aus der Spezialeenheet, déi 1994, den NeoNazien zu Lëtzebuerg d’Zänn ageschloen hunn. All schon an der Pensioun, hu si wéineg Bezug zu de Soziale Medien an Handyen a fäerten deemno och net gefilmt ze ginn oder online blousgestallt ze ginn.  Dëss Badass Bope mat Schnurres gouffen elo erem offiziell réaktivéiert a freeë sech drop de Weekend e bessi Sport mat hire Gummisse Knëppel kënnen ze maachen.  Gutt fir d’Gesondheet, d’Gesellschafft an de Moral! Senioresport, emol anescht!

 

Mir hunn iwweregens och ee klenge FIlmche parat, wou een e klengen Avantgoût kritt, wat eise staarke Casseuren de Weekend bléie kéint

 

 

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail