Facebookler ouni Gefill fir Sarkasmus an ouni Sënn fir Humor verbrenne gär “Auteuse” vu RevoLUXion als Hex

HexNo iwwer 300 Likes, gi kritesch Stëmmen ëmmer méi haart déi d'”Auteuse” vu RevoLUXion als vum Däiwel besiess bezeechnen.

Leit ouni Gefill fir Sarkasmus an ouni Sënn fir Humor hun haut de mëtteg bei der Chamber eng Petitioun hannerluecht fir d”Auteuse” vu RevoLUXion um Knuedler als Hex ze verbrennen.

Et gouffe ganzer 12 ënnerschriwwe Computer Monitoren bei der Chamber oofgeliwwert. Ugeschwat firwat si dann 12 ënnerschriwwe Computer Monitoren ofginn hunn, hu si gemengt: “Ma wat eng Domm Froh.. Ohnlein Pätizihounen muss een Dach um Computa ennaschraiwan!”

Un all déi, Déi RevoLUXion verstinn fir dat et ass: Merci fir d’Likes an d’Shares…  🙂

A fir déi déi mengen dat hei wir alles Real… Gleeft dach net alles wat dir um Internet liest! 🙂

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply