Nom Arbedsgebai soll elo och d’Roud Bréck u China verkaf ginn

roud_breckArcelormittal huet et virgemaach a verkeeft d’Arbedsgebäi beim Rousegäertchen un d’Bank of China.
Eis Regierung huet elo do och ërem eng fantastesch Méigelechkeet erkannt fir de Budget 2015 z’équilibréieren.  Nodeem schon d’Cargolux u China verhökert gouff, soll och elo d’Roud Bréck u China verkaf ginn.
An dësem Fall soll awer d’Bréck net zu Lëtzebuerg bleiwen mee, wéi schon 1996 den Héischuewen C vum Belval, Stéck fir Stéck oofgebaut, an an der Regioun Zhengzhou erem opgebaut ginn.  Do sollen mat der Rouder Bréck 2 Räisfelder mateneen verbonne ginn.
Dat Ganzt bréngt dem Stat 150 000 Euro.  Méi wir de Stol hautzudags net méi wäert. A souwisou dat éiwegt frësch usträischen géing de Stat ze vill Sue kaschten.
An den Tram?
“Den Tram gëtt natiirlech awer gebaut. Deen huet jo näischt mat der Rouder Bréck ze dinn”, seet de François Bausch, deem déi Roud Faarw vun der Bréck scho laang een Dar am An wor.
Den Tracé geet wéi geplangt vun der Gare bis op de Lampertsbierg. Do ass dann emol Terminus.
Nieft dem Theater gëtt eng grouss Rutschbahn gebaut wou d’Leit da kënnen bis an den Dall erofrutschen.  Do ass jo de Funiculaire deen d’Leit dann op de Kierchbierg eropféiert.  Uewen ukomm waart dann den zweeten Deel vum Trams Tracé fir d’Leit weider ze féieren.
“Wéi d’Leit vum Kirchbierg erem op de Lampertsbierg kommen steet nach net ganz fest, mee da kënne mir jo kucken wann et bis esouwäit ass” steet am Communiqué de Presse vun der Regierung. Weider as soch ze liesen, datt een ee Verkéierschaos kéint ausschléissen, Well, wéi d’Dräibunn aus dem Eisléck wir och déi dote Stréck immens wéineg befuer.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply