Author: Revoluxion

No John Oliver Tëschefall: Lëtzebuerger Militärfliger ënnerwee an d’USA

Nodeems den John Oliver, an der Sendung “Last Week Tonight with John Oliver”, gemengt huet, “I can tell you what France would be without all these cultural institutions… It would be Luxembourg and nobody wants that!”, ass Lëtzebuerg erschüttert. D’Maggy Nagel mengt dozou: “Je n’étais pas not amused du tout”. Woubäi een sech freet op déi duebel Negatioun express wor… Read more →

Ab Januar 2016: Péage am Nitro-Rondpoint Serra

Nodeem de Rondpoint Serra de läschte Weekend zu engem Turbo Rondpoint mutéiert ass, huet sech erausgestallt, datt et nach ëmmer net séier genug geet fir de Stau vun der Nordstrooss op de Kiirchbierg méi kleng ze maachen. Stonnelaang huet de Stau sech e Méindeg de moien net opgeléist Dobäi hätt een dach deen innovativst Idee vun allen Zäite benotzt: Roud… Read more →

Streetfood Festival 2016 an de Kasematten

Nom iwwerwältegendem Succes vum Luxembourg Street Food Festival 2015 hunn d’Organisateuren matgedeelt, datt d’Editioun 2016 an de Bock Kasematten wäert stattfannen. “Mir félicitéieren eis selwer fir déi gutt Organisatioun vum Festival 2015 an setzen d’nächst Joer nach een drop” housch et vun den Organisateuren. Jetonen kann een d’nächst Joer op der gewinntener Plaz um Stroosserand bei de Rotondë kafen an… Read more →

Vitesse 30 op den Autobunnen ab 1. Januar 2016

  Nodeems an der Nuecht op e Freideg ee Fuerer mat 252km/h zu Steebrécken op der Escher A4 gestoppt gouff, huet de François Bausch es elo genug. “Et muss endlech eppes géint esou onresponsabel Fuerer gemaach ginn”, huet hie gemengt. Duefir wor de moien eng Drénglechkeetssëtzung mat der Regierung an den eigentlechen Décideuren hei am Land: McKinsey Lëtzebuerg. Et gouff… Read more →

Xavier Bettel vun den Obamas adoptéiert?

  Et kristalliséiert sech lues awer secher eraus, datt de Xavier Bettel no den nächste Wahle wuel net méi Premier wäert sinn.  Nodeems hien och elo vun der Spëtzt vun der DP zereckgetrueden ass, stellt sech elo d’Fro: Wat maachen no den nächste Wahlen? Natiirlech kéint hien ouni Problem eng Plaz am Opsichtsrot vun enger Consultingsfirma kréien, déi mëttlerweil zum… Read more →

Net genug Schwengsféiss…

Wéi de moien, duerch een Artikel am Paperjam bekannt gouff, ass et tëscht der Kulturministesch Maggy N. an engem Restaurantsbesëtzer während engem All-you-can-eat-Schwéngsbuffet zu engem peinlechen Tëschefall komm. Wou et nom Iessen dorems goung, d’Rechnung ze bezuelen, wollt d’Kulturministesch net déi ganz Rechnung bezuelen. De Service an d’Iessen hätten net hire Virstellungen entsprach. D’Maggy M huet dat awer haut démentéiert… Read more →

LSAP grousse Gewënner vum Referendum.

  “Lëtzebuerg huet roud gewielt! D’Kaart mat de Resultater op der Websäit vun RTL ass ganz kloer, d’LSAP ass de grousse Gewënner.  Et gesäit een,  datt alles roud ass!” seet de Claude Haagen deen sech verstan a confirméiert fillt. D’LSAP ass dowéinst och elo duefir, datt den Etienne Schneider neie Kinnek vu Lëtzebuerg soll ginn. Den neie Kinnek, Etienne Ier… Read more →

Honey I Shrunk the Bettel and the Bausch*

(*Liebling ich hab den Bettel und Bausch geschrumpft) Haut gouf d’Charte de la sécurité routière ënnerschriwen, wou sech all d’Ministèren fir méi Stroossesécherheet engagéiert hunn. Et ass beim feierlechen Ënnerschreiwe vun der Charte e puer cleveren investigative Journalisten opgefall, datt de Xavier an de François net esou ausgesinn hu wéi soss.  Wéi op der Foto z’erkennen ass, sinn déi zwee… Read more →

Poopst sprécht Bettel Helleg

Gudd Noorichte kommen aus dem Vatican. Et ass elo offiziel gewosst, datt Lëtzebuerg säin éischten Hellege kritt. Mir sinn Helleg! Effektiv huet de Poobst Franziskus matdeele gelooss, datt wéinst sénge gudden Déngschter fir d’Kathoulesch Kierch an duefir datt déi Geeschtlech weider kënnen op Käschten vun de Steierzueler liewen wéi d’Mueden am Speck, de Xavier Bettel helleg gesprach soll ginn. Fréier… Read more →

Bausch, Bettel, Schneider elo bei de Massendénger

  Wéi RTL gemellt huet, hätten déi 3 Majoritéitsparteien hiren Accord ginn, fir eng Konventioun mat der Kierch iwwer de Finanzement vun de Geeschtlechen ze ënnerschreiwen. Nach stéing deen Accord net, well et bléiwen nach Punkten ze klären, ma et wir ee sech generell eens ginn iwwer d’Relatiounen tëscht de Kierchen an dem Staat. Wéi elo de moie bekannt gouff,… Read more →