Bausch: “D’Oofrappen vun der Doudesmauer kascht kee Su”

MauerOp d’Käschten vun der Démolitioun vun der Mauer am Rondpoint Gluck ugeschwat, erklärt den François Bausch, datt se de Stéierzueler kee Su waert kaschten.

Een Finanzexperten-Team vun der Wall Street ass extra ageflu ginn fir een 0-Euro-Plang opzestellen fir d’Démolitioun.  No 4 Wochen am Hôtel Royal hunn déi amerikanesch Experten dem François Bausch hiirt d’Resultat viirgeluecht.  Hie wor begeeschtert!

“D’Vollek dat eis (*räusper*) gewielt huet, dierf elo selwer Hand uleen an déi ganz Roserei déi ongerechterweis an hinne stëcht, wéinst eiser Spuerpolitik benotzen, fir d’Mauer mat hiren eegenen Hänn oofzerappen.” erklärt de François Bausch.  “Et ass eng flott Outdoor-aktivitéit  am Gréngen fir grouss a kleng. An engems dierfe si déi Stécker déi si erausschloen och halen a mat bei sech heemhuelen. Dat entlaascht dann och eis Bauschuttdeponien, virun allem déi vu Monnërech.”

An effektiv schéngt dat Ganzt eng gutt Idde gewiecht ze sinn,  wéi op der Foto ze gesin ass. Déi éischt Leit sinn op der Plaz ukomm a fänken unn d’Mauer auserneenzeklappen.

 

Facts iwwert d’Mauer aus dem Rondpoint Gluck:

  • Als “Doudesemauer vu Gasperech” ass se duerch déi ganz Welt bekannt.
  • Schon de Ronald Reagan sot 1987 zum Gorbatschow “Mr. Gorbachev, Tear Down This Wall”. Et ass elo gewosst, datt domat d’Doudesmauer vu Gasperech geduecht wor an net, wéi
    fälschlecherweis ugeholl, d’Berliner Mauer.
Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply