USB-Budget: All Députéierten kritt Apple Macbook Pro

USB_budgetDe Pierre Gramegna huet gëschter ganz houffreg den neie Budget 2015 -2018 op engem “UBS”-Stick a Form vun enger Kreditkaart viirgestallt. Leider wor McKinsey net méi dozou komm fir de Budget op Pabeier drécken ze loossen an huet duefir den Budget op engem USB Stick weiderginn.

Allerdéngs hat keen domat gerechent dat eng Majoritéit vun den Députéierten net weess wat een USB-Stick ass an déi meescht kee Computer hunn fir de Budget kënnen ze consultéieren.

Deen een oder aneren gouff esouguer dobaussen beim Bancomat vun der Spuerkeess gesinn wéi e probéiert huet mam USB-Stick Souen opzehiewen.

Fir datt elo och jidfereen de Budget ka liesen gouff gëschter owend nach eng Commission d’Urgence Extreme gegrënnt. No laangen Discussiounen gouff dunn décidéiert, datt nei “Apparater” sollen ugeschaf ginn fir den “UBS”-Stick ze liesen. Well Apple jo esouvill méi User-friendly ass, krut dunn de moien all Députéierten an all Member vun der Regierung een Apple MacBook Pro Retina. Si kruten en Gratis a kënnen en en vun hire “Steiren” oofsetzen.

Op Nofro hin, huet Apple confirméiert datt effektiv 100 MacBook Pro Retina mat Express-Courrier un d’Lëtzebuerger Regierung geliwwert goufen. “Mir sinn houffreg drop elo och an der Politik matzemëschen” housch et weider vun Apple.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply