Lëtzebuerg: Pëlle géint Ebola u Jidfereen gratis verdeelt

C-BoD’läscht Woch gouff ugekënnegt, datt all Awunner vu Lëtzebuerg demnächst ee Bréif kritt mat deem e kann op séng Gemeng oder an eng Apdikt Jod-Pëlle siche goën fir wa Cattenom de Geescht opgëtt an eis ëm d’Ouere flitt.

Et ass jo gewosst, wann eng atomar Katastroph geschitt oder och eng Atombomb explodéiert, ee just bräuch eng Pëll ze huelen an et gëtt een net dovun affektéiert.  Leider war 1945 d’Liwwerung vun de Jod-Pëllen fir Nagasaki an Hiroshima duerch ee Stuerm um Mier a Verspéidung, soss hätt et deemols guer keng Affer ginn.

Nodeems sech Ebola elo och zu enger Katastroph ausbreed, huet eis Regierung hir Aaen an Oueren opgehal fir en Medikament ze fannen dat Ebola kéint stoppen.  Wéi den Zoufall et esou wëll, gouff dunn an der Boîte vum Staatsministère een Ziedel fonnt vum Maître Ouba Mutombare, guérisseur extraordinaire mondialement connu.

Doropshinn huet eis Regierung den hellege Mann aus dem Nigeria direkt kontaktéiert fir ee Mëttel géint den Ebola ze kréien, dat grad esou gutt wierkt, wéi eng Jod-Pëll géint Cattenom.

An effektif huet de Maître Ouba Mutombare net enttäuscht.  Hien huet ee Medikament selwer entwéckelt dat den Ebola direkt stoppt.  Et bräuch ee just 2 Pëllen den Dag während 5 Deeg ze huelen an et ass een immun.  Wann een  den Ebola schon huet hëllt een 4 Pëllen den Dag während 5 Deeg an et ass een top fit.

De Maître Ouba Mutombare huet eng Firma gegrënnt: PLATT Pharmaceuticals.  A vun deenen bezitt d’Lëtzebuerger Regierung elo d’Medikament C-Bo Komplex forte 500mg.

C-Bo Komplex forte 500mg kënnt a Verpackungen vun 10 an een Traitement kascht 98 euro. D’Regierung huet ee Pak fir all Awunner kaaf an dem Maître Ouba Mutombare 54 000 000 euro iwwerwisen. Déi 550000 Päck sinn elo mam Schëff ënnerwee op Lëtzebuerg.  Et handelt sech ëm dat selwescht Schëff dat am Wanter virun 2 Joer de Streesalz sollt liwweren.

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

  1 comment for “Lëtzebuerg: Pëlle géint Ebola u Jidfereen gratis verdeelt

Leave a Reply