Krisemanagement – Hannert de Kulissen

 

Eng vun eisen anonymme Quellen huet eis eng Foto zougespillt. Hei ass drop z’erkenne wéi de Moien déi nei Mesurë getraff goufen.

De Päifebléiser päkt aus:

All 3 Wochen trëfft sech eis Regierung fir ee Point ze maachen an z’entscheeden, wéi et an der Kris weidergoe soll. Well awer keen aus eiser Regierung wierklech en Expert a sengem Gebitt ass, benotzen se ee ganz neie modernen Tool, deen hinne vun enger grousser Fiduciaire verlount gëtt fir 15 Milliounen de Mount. Et ass en High Tech Apparat, vun der Start-up “Brandnew International Nanotech Growth Organization” entworf. Op Basis vun iergendwellechen zoufälleg zesummegewierfelten Zuelen, Lobbyismus Stëmmen, absolut kengem Plang, null Logik an engem Quäntchen Zoufall errechent dësen Tool, wéi et mat de Mesure fir déi nächst Woche weidergeet. Déi Gréng hu sech agesat, datt déi ëmweltfrëndlech Versioun vum Tool benotzt gëtt. Dëst ass ee Rad dat per Hand ugedriwwe gëtt.

Et gefält de Regierungsmemberen esougutt dëst Rad ze benotzen, datt jidderee drun dréie wëll. Dat erkläert och déi systematesch Verspéidung vun der Pressekonferenz, déi ëmmer nom Regierungsrot gehale gëtt.

Well dësen Tool esou gutt funktionéiert, ass och virgesinn, datt aner wichteg Entscheedungen domat getraff gi wéi z.B. :

  • Wie vu menge gudde Frënn kritt den nächsten Direkteschposten am Enseignement?
  • Bis wouhi soll den Tram fueren?
  • Nenne mir et séieren Tram oder solle mir et awer Zuch nennen?
  • Wéi eng Krawatt passt am Beschten zu menge Schong?
  • Wou solle mir haut eist Iesse bestellen?

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail