No Fuddel Skandal : Hollywood keeft Bettel Story

Nodeems dem Lëtzebuerger Premier säi Plagiat opgeflunn ass, an erauskomm ass datt hie säin Diplom ergaunert huet, huet de Steven Spielberg bei him ugeklappt fir d’Rechter op déi Geschicht ze kafen. Dem Spielberg no, soll d’Geschicht d’Basis si fir en zweeten Deel vun “Catch me if you can”. Wéi am éischte Film, geet et och an dësem iwwert e Personnage, dee säi ganzt Liewe just mat Fuddelen, a Fälschen duerchkomm ass a jiddereen hannert d’Liicht gefouert huet.

De Xav freet sech natierlech iwwert den Deal mat Hollywood. Esou kann hien och nach Profit aus der ganzer Geschicht zéien. Op d’Fro, ob hien dann elo als Premier zerécktriede géing, esou wéi dat am Ausland Gang und gäbe ass, an och en éierleche Mënsch géing maachen, äntwert hien: “Firwat sollt ech zerécktrieden? Ech hu jo kengem domat wéigedoen a wann d’Monica no Extrem-Mobbing net muss zerécktrieden, da wäert ech dat jo wuel sécher net maachen”.

“Dat ass jo just eng Bagatell”, heescht et vu senge Kolleegen aus der eegener Partei an aus den aneren zwou Regierungsparteien, déi d’Affär scho klasséiert hunn an am Gaange sinn hir eege kleng “Faux-Pasen” esou gutt wéi méiglech ënnert den Teppech ze kieren.

 

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail