Lëtzebuerger Chefs d’entreprises: Nëmmen nach 3 Porsche Cayenne am Joer!!

porsche-cayenne_800No engem Schreiwes, andeem sech iwwert Märecher a Soën zu Lëtzebuerg ausgelooss gouf, huet d’hÜEL haut eng Pressekonferenz oofgehal.

Mat Tréinen an den Aaen an enger zidderecher Stëmm huet de Porte Parole vun der hÜEL d’Wuert ergraff. “Wéi sollen d’Chef d’Entreprisen dann esou kënnen weiderliewen, wa si och mussen méi Steieren (oder wéi dat am neien Politiker-Jargon heescht:Abgaben) bezuelen.?”

Déi meescht Chef d’Entreprisen kéinten sech dann, nieft hiren zwee Haiser an zwee Appartementshaiser zu Lëtzebuerg an 3 Weekendshaiser am Ausland nëmmen nach 3 Porsche Cayenne am Joer leeschten anplaz vun 4 pro Joer wéi et bis elo wor, housch et. Dat wir total onmënschlech.  Vill ënnert hinnen wiren elo schon an psychologescher Behandlung fir déi Scham kënnen ze erdroën.

Et gouff och eng Spendenaktioun an d’Liewe geruff fir de gebeidelte Cheffen ënnert d’Äerm ze gräiffen. Nieft engem Kont wou kann spendéiert ginn, hunn sech och Lëtzebuerger Museker fonnt déi eng CD mam Titel “Ee Porsche fir Krëschtdag” opgeholl hunn.  Den Erléiss aus dem Verkaf vun déier CD geet integral un Chef d’Entreprisen, déi sech elo de 4. Porsche net méi leeschte kënnen.

D’hÜEL hofft op d’Mënschlechkeet vun den Salariéën an der Krëschtzäit.

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

  1 comment for “Lëtzebuerger Chefs d’entreprises: Nëmmen nach 3 Porsche Cayenne am Joer!!

Leave a Reply