No John Oliver Tëschefall: Lëtzebuerger Militärfliger ënnerwee an d’USA

A Royal Air Force Atlas A400M transport aircraft flying over Bristol. The Atlas Airbus A400M is a multi-national four engined turboprop military transport aircraft. Designed by Airbus as a replacement for older transporters such as the Hercules C-130 it can perform additional roles including electronic surveillance and aerial refuelling. This particular A400 is called "The City of Bristol" and is operated by 206(R) Squadron based at RAF Brize Norton photographed over the city and surrounding areas of Bristol, Gloucestershire. Its called the "The City of Bristol" due to the ties with the city, the wings are made in Filton, Bristol.

oliver-nagelNodeems den John Oliver, an der Sendung “Last Week Tonight with John Oliver”, gemengt huet, “I can tell you what France would be without all these cultural institutions… It would be Luxembourg and nobody wants that!”, ass Lëtzebuerg erschüttert.

D’Maggy Nagel mengt dozou: “Je n’étais pas not amused du tout”. Woubäi een sech freet op déi duebel Negatioun express wor oder net.
Op jidfer Fall wëll d’Madame Nagel dat net op sech sëtze loossen. Fir d’éischt sollt deen diplomatesche Virfall am Regierungsrot den nächste Freideg thematiséiert ginn.

Allerdéngs ass an enger Notfall-Réunioun vun der Regierung den Owend décidéiert ginn eisen Militärfliger an d’USA ze schécken fir kuerze Prozess mam John Oliver ze maachen.

“Eis bescht Zaldoten aus der Cancoillotte Brigade vun der Lëtzebuerger Arméi gouffen domat beoptragt dem 4-auer-nomëttegs-téidrenkendem, cheddar-a-fritten-mat-esseg-friessendem Här Oliver mat senger steiwer iewechter Lëps een Iwwerraschungsbesuch z’erstatten” heescht et den owend aus Regierungskreeser.

Wat genee domat gemengt ass, wollt allerdéngs keen eis matdeelen.
Et ass just gewosst, datt 3 grouss Luxlaitscamionen um Findel gesi gouffen an grouss Fässer an den Militärfliger A400M emgeluede gouffen.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

  1 comment for “No John Oliver Tëschefall: Lëtzebuerger Militärfliger ënnerwee an d’USA

Leave a Reply