Streetfood Festival 2016 an de Kasematten

Luxembourg_Casemates_(30)Nom iwwerwältegendem Succes vum Luxembourg Street Food Festival 2015 hunn d’Organisateuren matgedeelt, datt d’Editioun 2016 an de Bock Kasematten wäert stattfannen.

“Mir félicitéieren eis selwer fir déi gutt Organisatioun vum Festival 2015 an setzen d’nächst Joer nach een drop” housch et vun den Organisateuren.
Jetonen kann een d’nächst Joer op der gewinntener Plaz um Stroosserand bei de Rotondë kafen an da kann een zu Fouss bis an d’Bock Kasematten trëppelen. Dann ass een och gutt hongereg wann een ukennt.

Well d’Foodtrucks net an d’Kasematte passe ginn d’Kichen aus de Foodtrucks ausgebaut an an de Kasematten opgestallt.

Avis aux amateurs…

 

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply