Bausch, Bettel, Schneider elo bei de Massendénger

messdiener

 

Wéi RTL gemellt huet, hätten déi 3 Majoritéitsparteien hiren Accord ginn, fir eng Konventioun mat der Kierch iwwer de Finanzement vun de Geeschtlechen ze ënnerschreiwen.
Nach stéing deen Accord net, well et bléiwen nach Punkten ze klären, ma et wir ee sech generell eens ginn iwwer d’Relatiounen tëscht de Kierchen an dem Staat.

Wéi elo de moie bekannt gouff, sinn de François Bausch, den Etienne Schneider an de Xavier Bettel elo bei de Massendénger fir deen Accord ze ënnerstëtzen.

Ab haut sti si a verschiddene Poorkiirchen zur Verfügung fir mam Afferstack duerch d’Reien ze goen an de Bomen nach méi Souen oofzeknäppen fir domat déi Geeschtlech zu Lëtzebuerg ze finanzéieren.

No de Kierchen sollen déi dräi Massendénger och Freidegs a Samsdegs Owes zu Clausen ënnerwee sinn fir do Souen ze sammelen. Si stinn dann ënnert anerem beim Bezuelautomat vum Parking a froen jidfereeen dee säin Ticket bezuele wëll fir eng kleng Spend fir déi Geeschtlech.

Dem François, dem Etienne an dem Xavier stinn awer och all Kéiers een anere Massendénger zur Säit, well soss gefaart gëtt, datt net all d’Souen aus dem Afferstack op der richteger Plaz ukommen.

Weider Memberen aus der Regierung sollen och demnächst fir déi aner religiéis Communautéiten zu Lëtzebuerg Souen sammelen.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply