Net genug Schwengsféiss…

Schwengsfeiss

Wéi de moien, duerch een Artikel am Paperjam bekannt gouff, ass et tëscht der Kulturministesch Maggy N. an engem Restaurantsbesëtzer während engem All-you-can-eat-Schwéngsbuffet zu engem peinlechen Tëschefall komm.

Wou et nom Iessen dorems goung, d’Rechnung ze bezuelen, wollt d’Kulturministesch net déi ganz Rechnung bezuelen. De Service an d’Iessen hätten net hire Virstellungen entsprach.

D’Maggy M huet dat awer haut démentéiert a gemengt, si hätt schlussendlech awer déi komplett Rechnung bezuelt.

Wéi awer elo bekannt gouff,  hätt d’Ministesch éischter net kënne bezuelen wéi dat se net hätt wëlle bezuelen. Et wir hir allerdéngs ze peinlech gewiecht dat zouzeginn.  Et ass jo gewosst, datt esou eng läppesch Ministeschpaye kaum eng Woch hällt. Schlussendlech hätt hir Begleedung dunn bezuelt.

Frënn vun der Regierung hu mëttlerweil eng Crowdfunding-Campagne bei Kickstarter gestart fir datt all eis Ministeren och no der éischter Woch vum Mount nach eppes tëschent d’Kieme kréien. D’Campagne heescht: “Méi Schwäi fir Ministeren” an huet bis elo schon déi stattlech Somme vun 89654€ abruecht. D’Regierung seet sech ganz zefridden.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply