LSAP grousse Gewënner vum Referendum.

schneider_small

 

“Lëtzebuerg huet roud gewielt!

D’Kaart mat de Resultater op der Websäit vun RTL ass ganz kloer, d’LSAP ass de grousse Gewënner.  Et gesäit een,  datt alles roud ass!” seet de Claude Haagen deen sech verstan a confirméiert fillt.

D’LSAP ass dowéinst och elo duefir, datt den Etienne Schneider neie Kinnek vu Lëtzebuerg soll ginn.
Den neie Kinnek, Etienne Ier sot dann och, datt hien awer säi fréiere Chef, den Zaff mam Schal,  net vergësst: “Hie ka mech um Haf ënnerhalen. Well hien ëmmer esou gär laacht an alles an d’Lächerlecht zitt, soll hien den neien Hofnarr ginn.”

D’LSAP ass frou endlech emol eng Kéier elleng de Chef am Land ze sinn an net nëmmen den Juniorchef ze sinn, wéi se et bis elo nach ëmmer waren.

Vive den Etienne, Vive, Vive, Vive!

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply