Space Mining: Adem sicht Leit fir an de Weltall

Space Rond-point
Visuell Simulatioun vum Space Rond-Point vum Schwäizer Consultantsbureau Swiss-CON

Déi ganz Welt schwätzt dëss Woch driwwer: Lëtzebuerg huet wëlles eng Virreiderroll am Space Mining ze spillen. Et geet dorems fir Buedemschätz, verschidde rar Metaller, eventuell Waasser vun Asteroiden am Weltall ze “ernten” an zeréck op d’Äerd ze bréngen.

Effektiv sollen dann och d’Rakéite mat dem néidege Material a mat den neien Weltall-Mineuren vu Lëtzebuerg starten.
Duefir gouffen elo schon e puer Site gesicht vu vou datt Rakéite kënnen gestart ginn.

Eng éischt Plaz ass scho fonnt. Den Turbo Rond-Point Serra. Nodeems e jo schon an Nitro Rond-Point emgeännert gouff, soll en elo zum éischte SPACE Rond-Point ausgebaut ginn.

“De Space Rond-point läit perfekt”, esou den neien Space Minister Bausch. “Effektiv kann den Tram dann och benotzt ginn fir d’Mineuren an de Weltall-Erz hin an hir ze féieren, esou wéi dat  fréier de Fall wor an den Minièresbunnen, déi benotzt gouffen an den Eisenerz-Minnen am Süde vum Land. Pro Tram gëtt 1 Won benotzt fir Mineuren an 1 fir den Erz”.

De Recrutement vun de Space-Mineuren leeft iwwert d’Adem. Déi Leit, déi Space Mineur wëlle ginn, kënne sech beim Département Space Employeur (DSE) vun der Adem mellen. Duerno kommen se an eng Formatioun bei Pro Space Actif.

D’Space Mineuren ginn natiirlech net direkt fest agestallt mee kommen, wéi dat hautzudags normal ass, an eng Mesure. No hirer éischter Missioun, gëtt da gekuckt ob se fest agestallt ginn, oder ob se weider an der Mesure bleiwen.

Fir de grousse Launch gëtt  et e grousst Fest. Jidfereen ass agelueden an déi 5000 éischt Visiteure kréien all ee SPACE Kichelchen.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply