Radaren elo och an de Supermarchéën

Bletz800Wien e Samsdeg an der City Concorde wor, huet et wahrscheinlech gesinn: Am Parkhaus gouffen elo och Radaren opgestallt. Op Nofro krute mir bestätegt, datt déi nei Radaren ab haut funktionéieren. Et gëtt d’Vitess gemooss wann ee mam Caddy laanscht fiirt.

“Et gouffen an de Supermarchésparkingen oft Accidenter mat Schwéierblesséierten, wann zwee Caddyen frontal anneneegerannt sinn”, bestätegt den Fränz Bausch. “Mir hunn eis op Studie baséiert, déi iwwert déi läscht 200 Joer gefouert gouffe fir déi richteg Standuerter ze fannen wou mir an de Parkhaiser déi nei Radaren opstellen kënne, fir esou grauseg Accidenter an der Zukunft ze vermeiden.”

“Am Géigendeel zu de Stroossen, wou mir extrem héich Toleranzen vun 3km/h benotzen gëtt et an de Supermarchésparkingen eng NULL-Toleranz Politik”, erklärt de Minister Bausch weider. Vill ze schlëmm wiren déi schrecklech Caddy-Carambolagen an den Supermarchésparkingen gewiecht, déi an deene läschten 200 Joer geschitt sinn. Do misst endlech eppes dergéint ënnerholl ginn.

Teschnesch Infoen

Déi nei Radaren blëtzen 360 grad an dat bis 100m wäit.
Et kënne gläichzäiteg bis zu 77 Caddye geblëtzt ginn.

Fir datt och gewosst ass, wië mam Caddy gefuer ass, kréien déi elo Immatriculatiounsschëlder. Fir kënnen ee Caddy ze benotzen muss an Zukunft an Platz vun enger 1 oder 2 Euro Mënz, d’Carte d’Identité benotzt ginn. Déi stécht een an den Caddy an da kann een e benotzen. Iwwert Wifi/Blutooth an NFC ginn dann d’Donnéeë vum Chauffeur vum Caddy weiderginn a mat der Imatriculatiounsnummer vum Caddy fest verbonnen. Esou ass gewosst wien de Caddy gesteiert huet.

 

Wéi séier dierf ech fueren a wat kascht et wann ech ze séier sinn?

D’Maximalvitesse vun de Caddyen läit ab elo bei 2km/h. Alles wat dodriwwer läit wir liewensgeféierlech.

  • Wann een tëschent 3 a 4 kmh geblëtzt gëtt, kritt een 8 Woche méi spéit Post. 146 Euro kascht dat dann.
  • Wann een mat 5-6km/h gebletzt gëtt, gëtt et eng daier: 800 euro oder wahlweis 14 Deeg feste Prisong.
  • Ab 7km/h heescht et Liewenslänglech.

Dorop ugeschwat mengt de Fränz Bauscht weider: “Dat schéngen zwar drakonesch Strofen ze sinn, mee et geet eis hei nëmmen em d’Sécherheet vun de Leit”

Mir kruten allerdéngs een anonymen Tip vun engem Mataarbechter aus dem Transportministère, deen onerkannt wëll bleiwen: “Déi ganz Radarsgeschicht ass net wéinst der Sécherheet agefouert ginn, mee well elo scho gewosst ass, datt den Tram wäert wäit iwwert eng Milliard Euro kaschten an well déi nei Steierreform muss finanzéiert ginn”

 

UPDATE:

AntiRa – Mobile Radar zerklengert

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

  3 comments for “Radaren elo och an de Supermarchéën

Leave a Reply