Bausch: Ab e Méindeg mam Turbo Boot op d’Aarbecht

Haut de moien housch et nach op enger Pressekonferenz, datt de “Séieren Tram” all eis Verkéiersproblemer géing léisen. An nëmmen 17 Joer kéint dat scho Réalitéit sinn. D’Regierung hätt déi aktuell Zuelen iwwert de Verkéiersfloss geholl fir de séieren Turbo-Tram ze plangen. De Minister Bausch sot en hätt zwar och schon eppes vun engem anere Verkéiersmëttel op Schinnen héieren: “Zuch soll dat heeschen, mir denken och drunn a wäiter Zukunft emol an déi Wonnertechnologie ze investéieren, mee dat ass esou em 2086 ongeféier.”

De Mëtteg dunn, koumm eng Eilmeldung vun der Regierung. “No de rezenten Néierschléi, dem ville Reen, an den Iwwerschwemmungen iwwerall am Land, hu mir beim Iessen décidéiert eng méi kuerzfristeg Léisung fir all eis Verkéiersproblemer zu Lëtzebuerg viirzeschloen. Mir nennen dat neit Transportmëttel “TSB”. Dat steet fir Turbo Séiert Boot.

Vu datt d’Autobunnen an ee groussen Deel vun de Lëtzebuerger Stroossen elo schon iwwerschwemmt sinn, kéint den TSB schon ab nächstem Méindeg a Betrib geholl ginn. Mir hu scho 100000 Booter bestallt. Déi missten Enn der Woch geliwwert ginn.

Iwwert de Weekend gëtt den Turbo-Rond-Point um Kierchberg fir Booter aménagéiert an och den Tram kritt Schwammreef. Dann no engem Testdag, kéinten dëss Booter ab e Méindeg all d’Lëtzebuerger Verkéiersproblemer léisen.

Interessente kënne sech elo schon iwwert www.VittAväcLeBatohOhTravaih.lu umellen fir ee Boot ze reservéieren.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply