COVID-19: Wie sech net un d’Reegelen hält, flitt eraus.

“Aussergewéinlech Zäite fuerderen aussergewéinlech Mesuren”. Esou heescht et an engem Schreiwes vun der Regierung. “Mir kënnen et net méi veräntwerten, datt Leit, d’Liewe vu anere Mënschen op d’Spill setzen, well se ze egoistesch sinn.”

“Vun elo un, gëtt et keen Avertissement taxé méi, mee jidderee deen sech net un d’Reegelen hält oder topeg Aussoen à la “Loosst déi Jonk dach Spaass hunn, hinne geschitt näischt. Et kann een déi jonk net aspären. Nëmmen déi al stierwen drun. Ech ginn eraus wann ech wëll. Et sinn alles nëmme Ligen. Si wëllen eis kleng halen. 5G Masten stralen de Virus aus. Policestaat. Gielemännchen” vu sech gëtt, flitt eraus.” Lëtzebuerg huet d’Insel Skellig Michael vun Irland ofkaf. Do kommen ab elo all déi egoistesch selbstverléifte Leit hin, déi sech net kënne behuelen.

Et heescht weider am Schreiwes “Wa se net wëllen an enger Gesellschaft mat Reegele liewen, da brauchen se och net an enger Gesellschaft mat Reegelen ze liewen. Si ginn all op Skellig Michael bruecht. Do gëtt et keng Reegelen, si kënnen sech treffe wéini, wou an zu wéi vill se wëllen a Party maachen esouvill se wëllen. Allerdéngs sollen se net vergiessen, datt et do och keen Internet, kee waarmt Waasser, keen elektresch, kee Komfort, Keen Dokter a keng Hëllef gëtt.”
Battle Royale

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail