Neien Numm vun der Lëtzebuergescher Weltraum Agence elo bekannt

Nodeems scho méi laang bekannt ass, datt Lëtzebuerg ee Global Player an der Kommerzialisatioun vum Weltraum gi wëll, an den Etienne Schneider ronderem d’Welt flitt fir Vakanz ze maachen fir Reklamm fir de Lëtzebuergesche Weltraum Projet ze maachen, an nach laang éier een zolitten gesetzleche Kader op de Bee steet, gëtt elo eng eegen Weltraum Administratioun gegrënnt.

Ugeleent un der National Aeronautics and Space Administration (NASA) huet Lëtzebuerg elo och ee flotten Numm fir d’Weltraum Administratioun gesicht.

Wéi ëmmer zu Lëtzebuerg, gouffen richteg gutt Experten aus dem Privat Secteur bezuelt, fir ee passenden Numm mat Punch ze fannen deen d’Envergure vun dësem Weltraum Projet ënnersträicht.

Den Numm gouff haut entüllt:

Luxembourg Special Administration for Space Travel

oder oofgekierzt:
LUX-SPAST

Houffreg op den neien Numm gouff haut och eng Foto vun der ganzer Regierung gemaach wéi se all zesummen den neien Numm vun der Weltraum Administratioun
gejaut hunn: Lux-Spast

Et gouffen och schon Stickeren an Pins mam neie Slogan gemaach. An ab haut huet all Member vun der Regierung Pin um Revers vu sengem Paletong oder Tailleur mat der Opschrëft: Ech si Lux-Spast.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply