Prömiärsechsahmön fum nexta Joa un och a fonätik

De Claude Meisch huet haut ugekënnegt, datt ab dem nächste Joer de Premièresexamen ännert. Effektiv sollen dann nëmmen nach 6 schrëftlech an 2 mëndlech Examen ze maache sinn fir de begeerten Diplom ze kréien. Dat soll d’Schüler besser op d’Uni an d’Héichschoule präparéieren an hinnen och entgéint kommen.
Eng Quell aus dem Educatiounsministère, déi net genannt gi wëll, huet eis matgedeelt firwat den Examen wiirklech geännert gëtt. De Problem wir, datt mëttlerweil déi éischt Génératioun vu Schüler aus dem neie System vun der Groundschoul a Richtung Première kommen. Déi kéinten awer just bis 6 zielen. Méi hätten se ni an der Schoul geléiert. Nieft Smilien, positiver Bestärkung, personaliséierter Begleedung a vill Geheemels wir leider keng Zäit gewiecht fir hinnne eppes Wichteges bäizebréngen.

Et läit eis och eng intern Note aus dem Ministère vir an déier Folgendes ze liesen ass:

Fir de Schüler och weider entgéint ze kommen, ass et ab dem nächste Joer och méiglech am Examen alles phonetesch ze schreiwen. Dat heescht, wann een et iergendwéi gelies kritt, ass et richteg. Grammatik an Orthographie wire souwisou iwwerbewert.
Dat Ganzt wor ënnerschriwwen: Lö Minitsrö Clot Maisch

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply