Bausch: Mäin Helikopter flitt mat Wand-Energie

Gëschter ass en endlech ukomm, den éischte vun enger Rei neien Helikopteren. Am Fong vigesi fir d’Arméi, well mir als Lëtzebuerg onbedéngt eis Militärausgaben héich mussen halen fir eisen NATO Quota, gëtt dësen Helikopter awer och fir aner Zwecker benotzt. Wéi gëschter bei der Präsentatioun ze gewuer wor, ginn déi nei Helikoptere virun allem fir Minister Transport benotzt. An den nächste puer Méint soll all Minister säin eegenen Helikopter kréien, well et wichteg wir, datt si séier vun A op B misste kommen, a mam Trams-Chantier a mat den alldeegleche Stauë wir dat net méi méiglech, esouguer mat der bloer Luucht, déi all Minister-Limousinn huet. De François Bausch huet gemengt, datt hien den éischte Helikopter géing kréien, schlussendlech hätt säi Ministère e jo och bezuelt. “Meng Minister Kolleeginnen a Kolleegen mussen nach 3 Wochen op hire waarden.”

D’Helikoptere vun den Ministeren sinn dann ab dem 6. Dezember och stänneg an der Luucht, fir direkt kënnen ze reagéiere falls ee Minister een urgent brauch: D’Mëllech op der Kachplack stoë gelooss, D’Kanner séier an de Fussball an an de Ballet fléien, Nach schnell eng Fläsch Wäin op d’Tankstell kafe goen etc.

Op d’Klima an d’Ëmwelt ugeschwat, huet de François Bausch direkt ofgeblockt: “Hudd dir dann net gesinn, datt deen mat Wandenergie flitt. Do sinn ZWOU Wandmillen drunn. Eng wann de Wand horizontal bléist an eng wann de Wand vertikal bléist. Absolut Klimaneutral. Am beschte Fall produzéiert en esouguer Energie wann e Land. Et ass wéi eng Hybrid Wandmillen. En plus ass och kee Plastik dran agebaut. Deen hu mir ersat duerch Hanf, Jute, Glas a Porzellan”

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail