Lëtzebuerg keeft Disneyland Paris

Et ass jo schon zënter Joëre gewosst, datt Disneyland Paris, nëmmen nach roud Zuele schreift. Ee Grond duefir ass, datt den Mickey an Consorten sech u Frankräich ugepasst hunn, a wéi 98% vun alle Salariéën am Frankräich, regelméisseg streiken.  Et geet hinnen do haaptsächlech ëm méi kurz Aarbechtsstonnen a virun allem awer ëm méi Kéis.

Duerch déi ganz Streikaktiounen woren d’Läscht joer iwwert 400000 Visiteure manner am Disneyland gezielt ginn.

Fir een neit Standbeen fir Lëtzebuerg opzebauen, huet d’Regierung décidéiert, Disneyland Paris opzekafen an all Dag Chômeuren aus Lëtzebuerg mam TGV op Paräis ze schécken fir do am Disneyland ze schaffen.

“D’Aarbechter vum lëtzebuerger Aarbechtsmarché si gewinnt méi Stonnen ze schaffen a streiken net esouvill, bis guer net” gëtt den Nicolas Schmitt zitéiert.

Et gëtt duefir eng nei Mesure geschaf, déi vum Fonds pour l’emploi gedroë gëtt.  Op der neier Nomenclature vun Mesuren baséierend, heescht dann déi nei Mesure: Garantie Disney.

Et kritt also all Chômeur, ouni Alters, Religiouns a Sexdisrkiminéierung,  garantéiert, datt hien een Job am Disneyland kritt.  Déi ganz schlëmm Fäll sollen net mussen schaffen, mee kréien awer gratis Joereskaarten fir Disneyland Paris ze besichen. Och den TGV gëtt fir si gratis. Dohannen ginn si vu Psychologuen an Éducateuren an Disney-Costumer encadréiert.  No engem Joer ginn déi Fäll réévaluéiert a wa se da fit fir den Disney-Aarbechtsmarché sinn, kommen se och an de Genoss vun den Jobs zu Paräis.

Iwwert d’Finanzement gëtt net gär geschwat.  “Déi Souen sinn do! An dat huet guer keen Afloss op den 2015er Budget” méngt de Pierre Gramegna.  “Et ass wéi wou mir der Dexia an der Fortis e puer Milliarde ginn hunn.  Kee weess wou déi Souen hirkommen, mee se sinn do, dat garantéieren ech.”  Am selweschten Otemzug ass dann awer och eng Mickymausstéier ugekënnegt ginn, fir datt all déi kleng Kanner an de Crèchen zu Lëtzebuerg kënnen mat Disney Merchandising agedéckt ginn: Vun Mickey’s Ouere bis Goofy’s Drënktasen.  D’Héicht vun der Mickymaussteier ass nach net beschloss.  D’Personal an de Crèchen soll och nach just mat Disneycostume schaffen fir déi kleng Kanner op eng eventuell zukünfteg Mesure am Disneyland virzebereeden.

“Op jidfer Fall ass eis Regierung houffreg kënnen ze soen, datt domat de Chômage op praktesch NULL Prozent fällt an datt Lëtzebuerg domat dat eenzegt Land op der Welt ass, wou et de plein emploi gëtt” deelt eis den duefir nei geschaafenen Ministère des Contes de Fées mat, dee säin Sëtz am Cinderella-Schlass am Disneyland Paris huet.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply