Opgedeckt: Boris Johnson ass den ANT-MAN, net den HULK!

Jiddereen huet gemengt, de Xavier Bëttel, wier gëschter eleng virun d’Press getrueden, no senger Entrevue mam Boris Johnson. An de sämtleche Medie war et ze liesen, ze gesinn an ze héieren: De Boris Johnson huet eng Méck gemaach an Plaz virun der internationaler Press Ried an Äntwert ze stoen.

Dat war allerdéngs net de Fall! Hie war och do! Just esou kleng, datt keen hie gesinn huet. Bei Revoluxion si mir mat der leschter, innovatiivster Investigatiouns-Software ausgestatt (Do kann den CSI apaken). Doduerch konnte mir de Boris op der Photo fannen. Wéi dir hei gesitt, hie stoung um Xavier Bëttel senger Hand. Dat Ganzt war anscheinend just en Test fir ze kucken, ob de Boris kéint ongesinn optauchen.

Déi Geschicht mam Hulk war alles just ee grousse Cover-up. D’ganz Welt huet sech freckt gelaacht an dobäi net realiséiert, datt de Boris Johnson, wierklech ee Superheld ass. Just eben ee ganz Klengen. Heiansdo spillt d’Gréisst dach eng Roll!

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail