“All Dag fräi for Climate” gegrënnt

Eng nei Organisatioun mam Ziel fir d’Klima ze schütze gouf d’lescht Woch gegrënnt.
Der “All Dag fräi for Climate” geet de popeleche “Fridays for future” net duer. “Een deen eppes op sech hällt, geet net nëmme Freidegs op d’Strooss fir fir de Klimaschutz de protestéieren. E Mënsch deen et eescht mengt, geet all Dag op d’Strooss fir ze protestéieren. Allerdéngs mat der Ausnam vum Weekend. Schlussendlech misst en sech jo och vun de Strapaze vum Protestéieren erhuelen, well ee soss keng Kraaft méi huet fir weiderzeprotestéieren” esou de Peta Trunborg, Grënner vum ADFFC.

D’ADFFC waren och scho bei der Regierung fir doriwwer ze diskutéieren. Schlussendlech geet et jo dorëms, datt net nëmmen d’Schüler, mee och d’Aarbechtnehmer op d’Strooss ginn, an dat awer mat Weiderbezuele vun der Paie. Am Ufank war d’Regierung dergéint, an huet gemengt: “Dir kënnt dat maachen, musst awer mat de Konsequenze vun ärem Handele selwer eens ginn”. No villem Gesouers a 4 Posts bei Facebook, Snapchat, Instagramm an Twitter huet dunn awer d’Regierung ageleet an huet hire Standpunkt geännert: “Wa Mamma a Pappa eng Excuse schreiwen, braucht dir net méi an d’Schoul ze goen oder schaffen ze goen”.

Dat heescht, datt de Patron d’Paie weiderbezillt, och wann den Employé net schaffe geet. Duerno kritt de Patron déi Suen da vum Staat rembourséiert. D’Finanzement geet iwwert déi nei crééiert Klimakeess. Déi gëtt haaptsächlech vun de Leit gespeist, déi schaffe ginn an hir ganz Steiere bezuelen (also kee vun der Regierung oder der Chamber, déi nëmmen op een Deel vun hirem Akommes Steiere bezuelen) a vun den Accisen um Bensin deen elo scho gëschter ëm bal 5 Cent de Liter dowéinst an d’Luucht gaangen ass.

Wat d’Schüler an d’Studente betrëfft, kréien déi och een Diplom wann se net an der Schoul waren. Dem Educatiounsminister Meisch no, wier do souwisou kee groussen Ënnerscheed op se an der Schoul wieren oder net, si géinge jo souwisou duerchkommen.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail