Nom Sexismus Skandal – CDM gëtt no!

Nodeems den nationale Fraerot sech uerg beleidegt fillt, well op enger zwee Joer aler Reklamm fir de Brevet de Maîtrise vun der Chambre des Métiers, niewt dräi Männer mat engem Schrauweschlëssel engem Hummer an engem Clipboard, eng Fra mat engem Fön an eng aner mat engem Schnéibiesem ze gesi sinn, an d’Ethikkomissioun dëst och als extreme Sexismus bestätegt huet, huet sech d’ Chambre des Métiers eng genial Iddi afale gelooss an d’Gesiichter vun de Leit an hirer Reklamm duerch Kazegesiichter ersat. Kee Mënsch ka bei Kazegesiichter ee Geschlecht erkennen an esou wäert kee méi beleidegt sinn, a… wie ka schonn eppes géint Kazen hunn?

Mee, Puustekuchen! D’Hënn hunn elo hir Nues an d’Saach gestach. Den nationalen Hondsverband ass elo beonrouegt a behaapt, datt déi exklusiv Benotzung vu Kazegesiichter e kloert Zeeche vu Rassismus (oder solle mir “Breedismus” soen) ass. Si fille sech ausgeschloss an diskriminéiert well och Hënn wëllen Opmerksamkeet!

An engem Schreiwes vun der Chambre des Métiers heescht et:

“Natierlech géif et kee Sënn maachen, einfach d’Mënschegesiichter an der Reklamm ze loossen. Dat wier ze einfach! Amplaz wäerte mir elo wuel en neie Kompromëss fanne mussen – vläicht eng Reklamm mat enger gläicher Verdeelung vu Kazen, Hënn, a fir sécher ze goen, nach e puer Huesen an Hamsteren dobäi.”

Merci, Chambre des Métiers, fir dëst kloert Zeeche géint Sexismus a Breedismus. Mir kënnen et kaum erwaarden ze gesinn, wéi sech dësen däregen Dossier mat Déieregesiichter an der Beruffsausbildung entwéckelt. Wat eng spannend Zäit, fir an dëser Welt ze liewen!

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail