Léisung an der Energiekris: Politiker ginn als Heizung benotzt.

De Moien hu SUDenergie, déi op hirer Websäit mat der Floskel „Fairer Preis“ pralen,  ugekënnegt, de Präis fir de Gas em 110% zu hiewen.

Géint dat iwwerméissegt a mehrheetlech onbegrënnt Erhéije vun den Energiepräisser huet eis Regierung, ausser waarm Loft bis elo nach net vill produzéiert. Ma genee dat schéint elo d’Wend an der Energiekris ze sinn. Wou en normale Mënsch an der Moyenne 2,9kWh Energie pro Dag produzéiert, kann een Duerchschnëttspolitiker duerch déi ganz waarm Loft déi e produzéiert, 80000kWh Energie den Dag produzéieren, also iwwert 27500 mol méi wéi en normale Mënsch. „Dommt Schwätzen, Froen net beäntwerten, a Léie sinn déi gréisst alternativ Energiequellen déi eis momentan zur Verfügung stinn“ gëtt en Expert zitéiert.

Eis Regierung, zesumme mat der Chamber an de Gemenge produzéiere méi wéi genuch Stroum fir de russesche Gas ze kompenséieren. Ab dem 1. Oktober leeft deemno den Energienoutfallplang zu Lëtzebuerg. Sämtlech Gemenge ginn dann als Fernwärmekraaftwierker benotzt. An der Norm geet d’Energieproduktioun duerch d’Gemengepolitiker duer fir déi jeeweileg Gemenge komplett ze hëtzen. Bis den 1. Oktober gëtt all Haus un d’Gemeng ugeschloss.

Fir gréisser Gebaier ginn d’Deputéiert benotzt a fir extrem Situatioune kommen d’Regierungsmemberen a Fro. Elleng de Claude Meisch ka mat sengem eidele Geschwätz genuch waarm Loft produzéiere fir sämtlech Schoulen hei am Land op 23 grad ze hëtzen. De Xavier Bëttel, mat senge Plagiater, wäert benotzt gi fir sämtlech Schwämmen an Thermen hei zu Lëtzebuerg op 38 Grad ze hëtzen. De Claude Thurmes an de François Bausch produzéieren zesummen esouvill waarm Loft, datt si wäerte benotzt gi fir am Wanter eis Stroossen vun Äis a Schnéi fräizehalen. Dat huet als Virdeel, datt kee Salz muss gestreet ginn.

An da soll emol nach ee soen, eis Politiker wiere fir näischt gutt.

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail