Neien Numm vun der Lëtzebuergescher Weltraum Agence elo bekannt

Nodeems scho méi laang bekannt ass, datt Lëtzebuerg ee Global Player an der Kommerzialisatioun vum Weltraum gi wëll, an den Etienne Schneider ronderem d’Welt flitt fir Vakanz ze maachen fir Reklamm fir de Lëtzebuergesche Weltraum Projet ze maachen, an nach laang éier een zolitten gesetzleche Kader op de Bee steet, gëtt elo eng eegen Weltraum Administratioun gegrënnt. Ugeleent un der… Read more →

Prömiärsechsahmön fum nexta Joa un och a fonätik

De Claude Meisch huet haut ugekënnegt, datt ab dem nächste Joer de Premièresexamen ännert. Effektiv sollen dann nëmmen nach 6 schrëftlech an 2 mëndlech Examen ze maache sinn fir de begeerten Diplom ze kréien. Dat soll d’Schüler besser op d’Uni an d’Héichschoule präparéieren an hinnen och entgéint kommen. Eng Quell aus dem Educatiounsministère, déi net genannt gi wëll, huet eis… Read more →

Fraequot vu 50% an alle männleche Sportsequippen

Dat neit Gesetz wat d’Fraequot bei de männleche Sportséquippe reegelt kéint nach bis Enn dëses Joers op den Instanzewee geschéckt ginn. Nodeems scho viru bal zwou Wochen, iwwert de Wee vum Gesetz zur Parteiefinanzéierung, eng Fraequot vu 40% an de politesche Parteien agefouert gouf, ass den Experte (inne) vum MEGA (Ministère de l’égalité des chances) opgefall, datt et beim Sport… Read more →

Breaking News: Lëtzebuerger Geméis gëtt ab September 2016 Vegan

Et gëtt ëmmer méi schwéier fir ee konstant Wuesstum zu Lëtzebuerg ze garantéieren, virun allem nodeems Lëtzebuerg e puer kräfteger op d’Patte krut wéinst de Steiererliichterungen fir grouss international Konzerner.  Och d’TVA op den elektroneschen Handel fällt lues a lues ewech, esou datt Lëtzebuerg bal nëmmen nach vun de Steieren op Zigaretten an Alkohol säi Wuelstand ka garantéieren. Natiirlech sichen… Read more →

Bausch: Pokemon Go am Auto -> Auto an Telefon konfiskéiert!

An der üblecher Logik vun eiser Regierung an dem Transportminister, sin nom Akkzident vu gëschter moien zu Esch, wou ee Jonken Erwuessenen sech mat sengem Auto iwwerschloen huet, well hien Pokemons iwwert dem fuere fänke wollt, direkt Moossname geholl gi fir weider Akkzidenter an dem Kontext de verhënneren. De Minister Bausch sot dozou: “Wann ee mat 200km/h an e Rondpoint… Read more →

Breaking News: Nom Brexit elo och Luxxit?

Nodeems elo bekannt gouff, datt d’Vereenegt Kinnikräich (Engand) d’EU verléisst, ass eng Lawinn lassgetrëppelt ginn. Zu Bréissel steet d’Welt op der Kopp, an och zu Lëtzebuerg ass ee Steen un d’Rulle komm. Effektiv huet de Premier Xavier Bettel dem Drock noginn an de moie bekannt ginn, datt hien och wëll zu Lëtzeuerg een neie Referendum maachen, ob Lëtzebuerg soll an… Read more →

Sensatioun: Jesus Christus bei der Himmelfahrt zu Heiderscheid geblëtzt

Déi Nooricht, déi mir de moie kruten ass bal net ze gleewen, mee si gouff eis awer offiziel bestätegt. An de fréie Moiesstonnen woren d’Agenten vum Radarbletzzenter vu Bartreng erstaunt wou se dëst bild gesinn hunn. Vir d’éischt wosste se näischt domat unzefänken. Wéi kann et sinn datt eng Persoun zu Fouss mat 232km/h geblëtzt gëtt a wat sinn all… Read more →

AntiRa – Mobile Radar zerklengert

Wéi elo bekannt gouff, ass an der Nuecht vum Samsteg op e Sonndeg ee vun den Mobilen Radaren inklusiv Auto geklaut an zerstéiert ginn. Eng bis elo nach onbekannte Gruppéierung, déi sech AntiRa nennt, huet der Press een Bekenneschreiwen zoukomme gelooss. Si hunn déi Dot revendikéiert. Fir ze beweisen datt et hinnen eecht ass, hu si ee Video matgeschéckt wou… Read more →

Radaren elo och an de Supermarchéën

Wien e Samsdeg an der City Concorde wor, huet et wahrscheinlech gesinn: Am Parkhaus gouffen elo och Radaren opgestallt. Op Nofro krute mir bestätegt, datt déi nei Radaren ab haut funktionéieren. Et gëtt d’Vitess gemooss wann ee mam Caddy laanscht fiirt. “Et gouffen an de Supermarchésparkingen oft Accidenter mat Schwéierblesséierten, wann zwee Caddyen frontal anneneegerannt sinn”, bestätegt den Fränz Bausch.… Read more →

Space Mining: Adem sicht Leit fir an de Weltall

Déi ganz Welt schwätzt dëss Woch driwwer: Lëtzebuerg huet wëlles eng Virreiderroll am Space Mining ze spillen. Et geet dorems fir Buedemschätz, verschidde rar Metaller, eventuell Waasser vun Asteroiden am Weltall ze “ernten” an zeréck op d’Äerd ze bréngen. Effektiv sollen dann och d’Rakéite mat dem néidege Material a mat den neien Weltall-Mineuren vu Lëtzebuerg starten. Duefir gouffen elo schon… Read more →