Du bass elo an der Chamber oder an der Regierung for Dummies

Nodeems d’Pressekonferenz vun der Ministesch Dieschbourg iwwert d’Autorisatioun fir dat faméist Gaardenhaische vum Roberto Traversini gëschter eriwwer war, hu mir hannert hirem Stull e Buch fonnt.

Den Titel: Du bass elo an der Chamber oder an der Regierung for Dummies erausgi vum Verband vun de Lëtzebuerger Profi Politiker

Erstaunt hu mir eng Kéier duerchgebliedert a vill interessant Kapitele fonnt, wéi:

  • Steieren
    wat soen, wa Leit sech bekloen dass Du nëmme Steieren op engem klengen Deel vun dengem Akommes bezils?
  • Déngschtwon
    Jo du dierfs en och benotze fir an d’Vakanz ze fueren
  • Vetternwirtschaft
    Wéi’s du no bausse verklickers, datt de Kolleg, de Brudder, den Neveu, de Parteikolleg, d’Maîtresse den Ideale Choix si fir héich Poste beim Staat
  • Gesetzer, Reglementer a Reegelen am Allgemengen
    Nee, déi zielen net fir dech
  • Presse Subventionéierung vum Staat
    De Grond firwat datt zu Lëtzebuerg kee Journalist dir onangenehm Froe stellt
  • RTL
    Däin Ex-Employeur
  • Ëffentleche Verkéier
    Brauchs de net, Du hues däi Déngschtwon mat chauffeur a bloer Luucht fir iwwerall séeier an effizient hinzekommen

 

Bei engem Kapitel war een Iselseck:

Fuddelen/Bevirdeelege vu Frënn, Famill, etc.

Wann s de beim Fuddelen erwëscht gëss, ginn et 3 Etappen:

  1. Stell dech domm
  2. erënner dech un näischt
  3. interpretéier d’Gesetzer an d’Reegelen esou datt et däin Hals rett

Op KEE Fall däi Fuddelen zouginn!

 

 

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail