Diskriminéierend! Black Friday muss ëmbenannt ginn!

Wéi d’Vereenegung vun de neutrale Wochendagsbezeechnungen (VvdnWdbz) haut matgedeelt huet, hu si de Ministère de l’égalité des chances opgefuerdert direkt eppes géint d’Diskriminéierung vum Freideg ze maachen. An der läscht wire vill extrem beleidegend an diskriminéierend Aussoen, jo esouguer Reklammen um Internet, um Radio an op der Tëlee géigeniwwer dem Freideg gemaach ginn: BLACK Friday.

“Et kann net sinn, datt ee Wochendag op eng Faarf reduzéiert gëtt, scho guer net eng däischter Faarf. Mir sinn och duerfir, datt d’Wochendeeg guer net méi differenzéiert dierfe ginn, well do kommen aner Wochendeeg schlecht ewech. Wéi zum Beispill den “Dag dee soss als Méindeg bekannt war”, deen ëmmer erëm extremen Haass ausgesat ass, well d’Leit deen domat verbannen, erëm schaffe mussen ze goen.

Duerfir fuerdere mir, datt de Black Friday folgend muss ëmbenannt ginn:

Wochendag, dee virum Weekend kënnt, vun enger gewëssener Pigmentéierung déi manner Liicht reflektéiert wéi verschidden aner Wochendeeg dat maache kéinten.”

Weiderhin heescht et an der Pressematdeelung, datt VvdnWdbz sech d’Recht géing reservéieren dat Ganzt virun d’Wochendagrechtsgeriicht op Stroossbuerg ze bréngen, falls net direkt hei am Land eppes géint déi schrecklech Diskriminéierung géing gemaach ginn.

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply