Bausch schaaft Niwwel of

nebelNo engem weideren Akkzident am Niwwel huet de François Bausch elo décidéiert fir zu Lëtzebuerg den Niwwel oofzeschafen. “Den Niwwel ass geféierlech!”
Et gëtt elo een Commité de pilotage geschaf. Mat Hëllef vun gut bezuelten externe Consultanten, déi op geeschteg Emniwwelung spezialiséiert sinn, soll an deenen nächsten Deeg ee Plang proposéiert ginn, wéi een den Niwwel zu Lëtzebuerg soll oofschafen. Dee Plang gëtt dann duerch eng Task Force analyséiert an esou séier wéi méiglech ëmgesat.

Rumeure schwätzen awer elo schon vu groussen Fligerturbinnen, déi den Niwwel a richtung Belsch Frankräich an Däitschland solle fortblosen.

Dozou wollt de Minister Bausch awer haut nach näischt soen. D’Regierung misst nach iwwert de Finanzement nodenken fir den Niwwel oofzeschafen. Et géing iwwert eng ontransparent Niwwelstéier vun 1-2% vum Bruttogehalt nogeduecht ginn, awer just fir d’Jongesellen aus dem Mëttelstand, déi schaffe ginn.

“Och d’Sonn ass geféierlech, et gouff schon vill Akkzidenter well d’Leit duerch d’Sonn geblennt gouffen” seet den François Bausch weider. “Mir musse kucken ob mir och do net eppes kënne maachen, an engems kéinte mir dannn d’Erwärmung vum Klima réckgängeg maachen”

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply