Fraequot vu 50% an alle männleche Sportsequippen

footballDat neit Gesetz wat d’Fraequot bei de männleche Sportséquippe reegelt kéint nach bis Enn dëses Joers op den Instanzewee geschéckt ginn.

Nodeems scho viru bal zwou Wochen, iwwert de Wee vum Gesetz zur Parteiefinanzéierung, eng Fraequot vu 40% an de politesche Parteien agefouert gouf, ass den Experte (inne) vum MEGA (Ministère de l’égalité des chances) opgefall, datt et beim Sport nach ëmmer eng eklatant Diskriminéierung op Basis vum Geschlecht gëtt.

Dat dierft am 21. Joerhonnert awer net méi de Fall sinn, sou ee Communiqué. Et géif elo un engem Gesetz geschriwwe fir eng Fraequot vu 50% an alle männleche Sportsequippen anzeféieren.

De sougenanntene GEESS (GEnder-Equal SportS) sollt sech op all Sport ausdehnen deen zu Lëtzebuerg bedriwwe gëtt. Dat heescht, datt z.b. all Fussballsequippen demnächst aus 5 Fraen a 5 Männer besteet. An enger éischter Phase soll den 11. Mann(Fra) ofwiesselnd bei all Match vun enger Fra an engem Mann iwwerholl ginn. An enger zweeter Phase, soll nach méi eng Gläichheet ugestrieft ginn, an aplaz vun 11 Mënschen um Terrain sollen der 12 pro Equipe spillen. Dat soll op all Equippesport an deem et eng ongerued Unzuel vu Spiller gëtt ausgewäit ginn.

D’Clibb wiere schonn all informéiert an hätte ugefaangen hir Vestiairen an Toiletten nëmmen nach unisex ze maachen, also fir Fraen a Männer, oder besser gesot Mënschen, zesummen. Do dierft keen Ënnerscheed méi gemaach ginn. Et lafen och schonn d’Virbereedunge fir ee Casting a Schnuppertraininge fir déi nei Mënsche fir d’Equippen ze rekrutéieren.

Dorops ugeschwat, datt et dann awer net méi méiglech wier un internationale Competitiounen (déi jo nach ëmmer op Basis vum Geschlecht diskriminéieren) deelzehuele, krute mir geäntwert, datt mir als Lëtzebuerg, wéi scho beim Space-mining, eng Virreiderroll am GEnder-Equal SportS (GEESS) misste spillen. Mir géinge ganz staark domat rechnen, datt spéitstens wann den neie Fussballstadion opgeet, all déi aner Länner géingen nozéien.

Weider Projeten:

Et gëtt driwwer geschwat fir eng Gläichheetsregel fir d’Kleedergeschäfter ze maachen. Et dierft an deem Fall an engem Geschäft keng Rayonen nëmme fir Fraen oder nëmme fir Männer ginn. Et misst nach nëmmen ee Rayon fir Mënsche ginn. An dem Kontext missten all d’Kleeder déi iergendwéi kéinten op ee bestëmmtent Geschlecht zougeschnidde sinn, esou ëmgeännert ginn datt se fir e Mënsch geschneidert sinn an net fir ee Geschlecht.

 

 

Facebooktwitterredditpinterestlinkedinmail

Leave a Reply